Ausstellung
26.03.2021 > 16.01.2022

Gleef
dat net…!

Gleeft dir,
datt…


Gleef dat net…!

Verschwörungstheorië, fréier an haut

Zanter dem Ufank vun der COVID-19-Pandemie sinn ëmmer méi Mënschen dovun iwwerzeegt, datt hannert gesellschaftleche Krisen geheim Muechte stiechen. De Phänomen vun esou Verschwörungstheorien ass allerdéngs vill méi al, a verschidden Accusatioune bestinn säit Joerhonnerte bis haut. D’Ausstellung ënnersicht an enger historescher Perspektiv d’Entsteeung, d’Funktiounsweis an d’Verbreedung vun denen Theorien – vun den angeebleche Vergëftunge vu Pëtzer duerch d’Judden am Mëttelalter iwwer Fräimaurer an Illuminate bis bäi d’“Chemtrails” an d’Impfgéigner. D’Ausstellung bidd ganz vill Exponater a Sujetën a wëll e Bäitrag leeschten zu engem gesellschaftlech relevante Sujet. An engems wëll se eng Hëllef ginn, fir tëscht Fakt a Fiktioun ënnerscheeden ze kënnen, wat am Zäitalter vum Internet besonnesch wichteg ginn ass.

weider Informatiounen